nei hei
Joelle Oesch
oeschj at vo.lu
Sat Sep 13 11:59:57 BST 2008
Salut,
Merci alleguer fier äer Aenferten. Ech aenferten lo réischt well, a) war
eng Woch fort, b) d'mailen am "unerwünscht" geland sinn, an ech do net
emmer kuken.
Bei ménger eischter Externer Festplatte, hun ech eng aner Leisung fonnt,
froe mech fierwaat ech net eischter drop komm sinn. Ech hun méng Daten
alleguer iwer Windows op den internen hd kopéiert, win Partitioun,
duerno hun ech mat der Hardy CD déi externe Festplatte am ntfs
Formatéiert an d'Daten rem drop gemaach. Eigendlech wolt ech grad dofier
déi zweet HD kaafen, awer och fier secherheetskopien vun den Daten. Lo
op jiddefall kann ech mat ménger seagate an dénen 2 BTS drukommen.
Wann main Desktop de Geescht op gett. Wäert ech dann warscheinlech mat
der Ubuntu CD gerüst am Geschäft goen an probéieren (wann se mer et
erlaaben. Den PC selwer zesummen ze bastelen, ass net sou méng Saach.
Gréiss,
Joëlle
Am Freitag, den 29.08.2008, 20:59 +0200 schrieb Hetting Paul:
> Salut Joelle, Salut alleguerten
>
> Ech haat well e puer Marken vun externen HD, ann och ennerschiddlech
> Greissten vun Speicherkapaziteiten, matt USB war jidefalls bei mir
> weiderhin keen Probleem! Jidefalls ween elo deen neien Ubuntu (8.04)
> helt, gett den externen HD per USB och well automatesch erkannt ann
> d'Filesystem gemount (anngehaangen), ouni vill ze konfigureieren,
> jidefalls vir als rengen User Gebrauch.
>
> Mee wei een Geschäft elo och do genau Bescheed wees, weieng HD an och
> aaner PC - Material enner Linux funktionneiert, kann ech nik soen, hunn
> ech perseinlich nach nik ausgetest! Och wann een herno sech een neien PC
> keeft, ginn ett e puer Meigelechkeeten, vir sech do schlau ze maachen:
>
> - Entweeder setzt een sech een PC esou zusummen aus Eenzelstecker, wou
> een dann sech am Virfeld Gedanken mecht, waat een drann well hunn, an
> dann an der jeweiliger Distri dann nokuckt ob dei Baudeeler ennerstetzt
> ginn.
> - Oder du keefs der een "PC vun der Staang", an du frees dann den
> Verkeefer ob deen PC och enner Linux leeft, ann ob ett villaischt
> meigelech wier vir matt enger Live- Distributioun ouni Installatioun ze
> probeieren (just Live - Distributioun, nik datt mer eis elo falsch
> verstinn), dann mierks de jo ob d'Distributioun start oder nik, an
> mierks ob d'Hardware ennnerstetzt gett. Oder an deem Fall gett och nach
> eng aaner Meigelechkeet, vir direkt ob der Plaatz villaischt am Internet
> ze surfen, an dei eenzel Baudeeler bei den Distris nozesichen!
>
> Matt frendlechen Greiss
>
> Paul
>
> Joelle Oesch schrieb:
> > Gudden Owend.
> >
> > Ech sinn nach net sou laang dobai, an der Linux-Welt, sait Ouschteren
> > hun ech den Ubuntu um privaten pc, an sinn eiher am daitschen Forum
> > ennerwee, meechtens just ze liesen.
> >
> > Ech hun zwar gesinn datt desst Lescht grad grouss ass, bzzw net vill
> > Lass ass, trotzdem hoffen ech datt ech eng Aenfert op ménger Fro kréien.
> >
> > Ech hun eng Fro un iech, wou kaaft dier Aer PC'en pzw Accessoiren? Ech
> > brauch eng zweet externe Festplatte, natierlech linux fäheg, also sollt
> > ech se zereckbrénge kennen wann et net geet.
> >
> > Ech haat bei amazon desst 2 gesinn, théoretech sollten se goen, mee well
> > déi léiwer an engem PC Geschäft goen, wann méiglech an der Staat, dei
> > vun Linux, ubuntu eng Ahnung hun. oder wou ech se zereckbrénge kann wann
> > et net domat geet.
> >
> > Western Digital My Book Essential Edition WDH1U5000E Festplatte extern
> > 500 GB HDD USB 2.0 EU-PLUG Preis: EUR 78,95
> >
> > Verbatim 500GB 3,5 Zoll Festplatte extern USB 7200RPM Preis: EUR 75,95
> >
> > Iergendwann wäert ech mer och en deien Desktop Pc kaafen, well main
> > Packard Bell Pentium 4 schon méi wéi 5 Joer op de Bockel huet. Ech
> > hoffen awer datt en nach puer Järecher hällt. an och do dann direkt wees
> > wéien Geschäft Computer ouni Windows verkeeft. Den ze verkléngeren, bzw
> > Killen wäert och méigleg sinn. :-)
> >
> >
> > Gréiss,
> > Joëlle
> >
> >
>
>
--
Joelle Oesch <oeschj at vo.lu>
More information about the Ubuntu-lu
mailing list